top of page

Chrëschtdag, Liefkuch an Tiragen

Et ass nach net ze spéit. Ech wënschen Iech all schéin Feierdeeg an e bëssen Zäit fir iwwer dat läscht an dat nächst Joer nozedenken. Ech wäert dat och maachen. Kucken wat gutt gelaf ass a wat net. An eventuell e puer Zieler fir nächst Joer setzen.



Wat ech elo scho ka soen ass dass ech puer Zieler erreecht hunn, anerer net. Ech hunn mir zum Beispill eng Internetsäit gebaut, mat engem Newsletter dobäi. A kierzlech hunn ech souguer en Shop fir Tiragen dobäigesat wou ech probéieren e puer al Tiragen ze verkafen. D‘Resonanz war iwwersiichtlech fir et mol positiv auszedrécken. Mee de Shop ass online an et kann ee bestellen, och wann ech net vill verkaaft hunn.


Waat mech zu deem nächste Punkt bréngt… all d‘Abonnenten vum Newsletter maachen bei engem Gewënnspill mat fir en Tirage ze gewannen. D‘Chance stinn gutt ze gewannen. De Gewënner gëtt warscheinlech de 27. Dezember gezunn a gëtt da kontaktéiert.




Ech hunn och ugefaange mech als Fotografin ze vermaarten. Ass alles nach an de Kannerschong, mee ech hunn ugefaange. D‘nächst Joer geet et weider domat.


Eppes Anescht wat nächst Joer usteet ass meng Ofschlossaarbecht op der Ostkreuzschoul zu Berlin. Ech schaffen zanter engem gudde Joer dodrun a sinn nach amgaange. Bis elo hunn ech nach näischt dovun publizéiert. Mee ech kann souvill verroden: d‘Arbecht wäert gréisstendeels oder ganz a schwaarz-wäiss sinn. Ufank Februar wäert ech d‘Arbecht op der Schoul virstellen fir fir d‘Ausstellung zougelooss ze ginn. Déi wäert am Oktober nächst Joer sinn.




E bësse méi kulinarescht Schlusswuert. Ech hunn Madeleinen, Liefkuch a Baguette gebak fir dës Deeg. A muer gëtt et eng Raclette mat der Famill.


Dat war et. Bis nächst Joer!


Giulia




0 comments
bottom of page