top of page

Journal, Ofzich, Brout an Äerdkollrawen


Moien, ech sinn d’Giulia, an dat hei ass mäin éischten Andrag an de Journal.

D‘Journalanträg wäerten sech haaptsächlech ëm meng fotografesch Beméiungen dréinen, gemëscht mat e bëssen perséinlechem Inhalt, so wéi wat ech gemaach hunn, wou ech war, vläicht e bëssen iwwer Gaardenaarbecht, Reesen an sou weider. Mol kucken wéi et sech entwéckelt. An natierlech wäerten och Fotoen dobäi sinn. Dir kënnt souguer drënner kommentéieren, ech hunn dat lo mol sou agestallt. Also zéckt net e Kommentar ze hannerloossen. Ech wollt d‘Andräg just op Englesch an Lëtzebuergesch maachen. Wann een onbedéngt Franséisch oder Däitsch brauch, gär dat kommentéieren.


© Giulia Thinnes

© Giulia Thinnes


De Grond firwat ech dat hei maachen ass well ech keng Loscht méi op di bekannte sozial Medien hunn. Et ass langweileg ginn an éierlech: ech kréien et och net hin reegelméisseg do ze posten. Vläicht well ech bis elo ni eppes wierklech konnt do erauszéien. Ech probéieren dat elo ze änneren mat den Journal-Andräg op menger Internetsäit, an ech hoffen et wäert méi interessant ginn, souwuel fir mech beim schreiwen, wéi och fir iech beim liesen a kucken. Ech rechnen mat engem bis zwee Andräg pro Mount. Am Ufank vläicht e puer méi fir iech op den aktuelle Stand ze bréngen, mee fir d‘nächst Joer net méi wéi zwee, fir iech net ze vill op de Stréckel ze goen a fir mir net ze vill Drock ze maachen, hehe.


D‘Andräg wäerte zesumme mam Newsletter online goen an domat verbonne sinn. Ech annoncéieren net all Andrag op de soziale Medien, mee am Ufank bestëmmt e puer Stéck. Mee wann der net ze vill wëllt verpassen op laang Siicht, dann abonéiert einfach den Newsletter ënnen op der Säit. Dir kënnt iech ëmmer nach spéider désabonéieren wann et iech net gefält.


An... hei sinn weider Neiegkeeten. Ech maachen deemnächst e Print-Verkaf. De Layout ass bal fäerdeg op der Internetsäit, ech kucke just nach e puer Saache mam Verpaken an Verschécken. E wäert online goen soubal e fäerdeg ass.


Di éischte Fotoen si Biller déi ech iwwer di läscht Joren gedréckt hunn, fir bei Stagen, Portfolio reviews, klengen Ausstellungen asw. ze gebrauchen. Di meescht sinn Eenzelstécker déi ech bis elo nach néierens online gewisen hunn, an déi och bis elo net Deel vun enger Serie sinn. Amplaz se also einfach ronderëm trëllen ze hunn, hunn ech mer geduecht ech kéint se grad sou gutt mat iech deelen an iech d‘Méiglechkeet ze ginn se ze kafen. Et sinn der zimmlech vill, all verschidden, vun Stroossefotografie bis Landschaften, vu Portrait‘en bis urban Landschaften a méi.


E puer Biller aus dem Print-Verkaf, © Giulia Thinnes

D‘Präisser wäerten lo mol fir den Ufank ganz sozial sinn, ausser e puer Stéck méi rezenter, déi fir mech méi wäertvoll sinn. Krëschtdag ass net méi wäit, a vläicht ass jo een dobäi fir bei iech un d‘Mauer ze hänken oder fir enger léiwer Séil ze schenken.


© Giulia Thinnes

© Giulia Thinnes


E leschten Abschnitt fir iech ze soen wat ech an de leschte Wochen sou gemaach hunn, ausser e Print-Shop ariichten an en Inventaire vu mengen Ofzich ze maachen. Ech hu Brout gebak, hu bal al Dag als Remplaçante an de Primärschoule geschafft, hu mäin eenzege Brokkoli vun dësem Joer gepléckt, hunn viru kuerzem nach dat lescht Geméis fir dëst Joer an de Gaart gesat, dorënner Wanterzalot, Mauséiercherszalot, Spinat, Portulak an Ënnen. Ech hunn se ënnert e klengen Tunnel gesat an ech hoffen dass d‘Schleken net méi schnell wéi ech sinn. Ausser d‘Ënnen, déi ech gesat hunn fir dass se de Wanter iwwerliewen (ech war bëssi spéit un mat séinen), hoffen ech dass ech bësse frësch Gréngs kréien iwwert de Wanter.De Knuewelek hat ech schonn Enn Oktober gesat, an déi éischt komme schonn. Wann d‘Fréijoer kënnt, kann deen direkt mat den Ënnen op den éischte méi waarmen Deeg wuessen. Ech hunn och nach Gromperen erausgeholl an hunn en Hot-Kompost gemaach. Ech mengen en ass awer net sou waarm, haha. Et stinn elo nach Gromperen, vill Poretten, Wuerzelen, ee Fenschel, Brockelcher, puer rout Rommelen, Haferwurz (kennt een de lëtz. Numm? Salsifien?) an Äerdkollrawen (wosst net dass Steckrüben oder och Rutabaga sou heeschen) am Gaart fir erauszehuelen, wann ech näischt vergiess hunn.


© Giulia Thinnes

Ech am Gaart, 2022, © Giulia Thinnes


Sou, dat war et awer lo. Nächste Kéier gëtt et méi kuerz. Bis dann, hoffentlech mam Print-Verkaf.

Giulia

0 comments
bottom of page