top of page

Insel Noirmoutier

Just e puer Biller vunn der Vakanz vum läschte Joer op der Insel Noirmoutier am Frankräich. Déi nächst zwou Fotoen sinn vun deem selwechte Film. Alleguer geholl op engem Velostuer op engem Nomëtteg.



Dat Bild virdrun as entstan just um Rand vum Stiedchen Noirmoutier. Dat nächst as duerno um Wee fir heem entstaan.



Aleguerten sinn se mat der Bronica RF645 entstan, eng kompakt Mëttelformatkamera. Si ass zu enger vu mengen Lieblingskamera'en ginn, nodeems ech se virun 3 Joer kritt hunn. Si ass kompakt, robust, an huet eng super Ofbildungsqualitéit. Leider hun ech just eng 65mm Lëns dofir, mee déi geet awer bal fier all Situatioun duer.


Iwwregens, en Deel vu menger Ofschlossarbecht, di lo bal fäerdeg fotograféiert ass, ass mat deeër Kamera gemat ginn. Di aner zwee Fotoapparaten déi ech benotzt hunn, sinn meng alleréischt Kamera déi ech mir selwer kaaft hunn, eng Nikon F100, an nach eng Zeiss Ikon ZM.

Egal, hei ass dat läscht Bild fir haut, opgeholl en aner Dag, ënnert anere Wiederkonditiounen.



Bis déi nächste Kéier!


Giulia





0 comments
bottom of page