top of page

Ech sinn eng Fotografin aus Lëtzebuerg. Ech sinn awer och reegelméisseg zu Berlin oder soss an Europa unzetreffen. De Moment sinn ech amgaang meng Ofschlossaarbecht op der Ostkreuzschoul ze maachen. Dee Projet, deen nach net verëffentlecht ass, handelt vu mengen Liewensëmstänn an den doraus entstanenen Gefiller. Ech sinn iwwerzeegt dovun dass déi Ëmstänn e groussen Afloss op mäin Charakter hunn. Ech wëll erausfannen op meng Fotoen deenen Ëmstänn entspriechen. Mat der intuitiver Aart a Weis wéi ech fotograféieren, ass mäin Zil, sou authentesch an éierlech wéi méiglech ze fotograféieren.
Meng aner Interessen sinn: e Wee ronderëm di westlech kapitalistesch Gesellschaft fannen an domat d‘Welt e bësse besser maachen, op di positiv Saachen fokusséieren, d‘Natur an am Gaart schaffen.
Wann‘s du wëlls eng Foto benotzen, fotograféiert ginn, e Print bestellen, deng al Negativen ascanne loossen oder op di eng oder aner Weis mat mir zesummeschaffen, da kontaktéier mech.

​

​

Kontakt

​

mail@giuliathinnes.com

​

Tel. +352 621 404873

​

​

​

Gruppenausstellungen

​

2023
Ofschlossausstellung Ostkreuzschoul, Berlin, DE   
(www.jahrgangsiebzehn.de)

Light Leaks Festival, LU

‘In Waves #womenincovid’, Bremerhaven, DE

​

2022

‘In Waves #womenincovid’, Campus Leuphana Universitéit, Lüneburg, DE
‘In Waves #womenincovid’, Telliskivi Creative City, Goethe Institut, Tallinn, EE
‘In Waves #womenincovid’, Stadzentrum Bremen, DE

 

2021
Luxembourg Street Photography Festival, Rotondes, LU
‘In Waves #womenincovid’, Ausstellungsmauer Köpenicker Str. 70, Berlin, DE   
(www.inwaves.berlin)

‘THF’, Portrait Masterclass Sibylle Fendt, f3 Freiraum für Fotografie, Berlin, DE
 

2019
'Underground Berlin', German Street Photography Festival, Hamburg, DE
Women in Street Diptych Challenge, The Camerawork Gallery, San Francisco, US

​

2018
‘Underground Berlin’, Diashow, Street Photography Festival, LU

‘Sync, Psych, Self (SIC): The self portrait exhibition’, FK Kollektiv, Berlin, DE

Miami Street Photography Festival, HistoryMiami Museum, US

​

2017 – 2019

‘Leit an der Staat, 1950-2017’, Lëtzebuerg City Museum, LU

​

2017

‘Barriol’, Kuerzdokumentatioun Stage, Rencontres d’Arles, FR
Diashow Stroossefotografie, Rotondes, LU
Blank wall Gallerie, Athen, GR

​

2015
Concours Architekturfotografie, 3. Platz, Fonds Belval, LU
Diashow Stroossefotografie, Rotondes, LU
Your city, your story, Luxembourg, Robin du Lac concept store, LU

​

Bio

​

2023                         Les Boutographies, Rencontres Photographiques de Montpellier - ausgewielt

2023                         PhMuseum Women Photographers Grant - Portfolio review Empfänger

2023                         Ofschloss op der Ostkreuzschoul ënnert dem Ina Schoenenburg

2022                          zréck op Lëtzebuerg geplënnert

2021                           Portrait Masterclass ënnert dem Sibylle Fendt

2020                         Stage mam Vanessa Winship an George Georgiou

2019                          Studium op der Ostkreuzschoul ugefaang, Dokumentar Fotoschoul

2019                          Jurysmember um German street photography festival

2018                          Stage mam Todd Hido

2017                           op Berlin geplënnert

2017                           Stage mam Anders Petersen

2017                           Stage mam Jean-Christophe Béchet

2016                           Member vum Luxembourg Street Photo Collective

2014                           fräiwëlleg aus der Beruffswelt erausgeklomm, hat Geschlechtsugläichung

2005-2014              verschidde Platzen am Ingenieur- an Energieberodungsberäich

2004                         Master am Maschinnebau

1976                           gebuer zu Lëtzebuerg

bottom of page